|
Dir kënnt dësen Text och als pdf eroflueden (hei klicken) Vous pouvez télécharger la présentation de MMM également en langue française (en cliquant ici) Sie können den Flyer "MMM stellt sich vor" auch in deutscher Sprache herunterladen (hier klicken) You can also download this flyer ("MMM presents itself") in english (click here please)
MMM stellt sech vir
Wien si mir ? MMM ass eng politesch a religiéis neutral Organisatioun déi net vum Staat subventionéiert get an ausschliesslech vun Membersbeiträg a Spenden finanzéiert get. Wat wëlle mir bewierken ? - Ganz wichteg ass fir eis dat neit Muppegesetz an séng Réglements d'application. Mir wëllen all eis Energien asetzen fir iwwert dëst Gesetz ze informéieren an fir opzepassen dass et net op eng falsch Aart a Weis ausgeluecht gëtt déi net am Sënn vun eisen Hënn ass.
- Mir setzen eis fir d’Rechter vun den Déieren an a virun allem fir d’Rechter vun de Muppen.
- Mir wëllen dat negativt Bild vum Hond wat am Moment an eiser Gesellschaft am gaang ass ze entstoën rem an e positivt ëmwandelen, dat heescht déi positiv Eegeschafte vum Hond an seng Verdéngschter fir eis Gesellschaft ervirsträichen an negativ Berichter kritesch beliichten an hannerfroen.
- Mir trieden an fir eng esou aartgerecht wéi méiglech Erziehung vun eisen Muppen, ouni Gewalt an ouni Stress fir d’Déier.
- Mir wëllen d’Zesummeliewen vun Leit mat an ouni Hond méi einfach maachen, Mëssverständnisser aus der Welt schaafen an Hondsbesëtzer zu Rücksicht an Verantwortung vis-à-vis vun anere Leit opruffen.
- Mir wëllen en Uspriechpartner sin fir Leit mat an ouni Hond an den Dialog teschend desen dach 2 verschidde Welten förderen.
- Mir wëllen Opklärung bedreiwen op verschiddenen Niveauen mam Ziel Accidenter ze vermeiden (Beispiller: Code de bonne conduite, Brochuren, etc.).
- Mir bidden eng Datebank un wou der ären Hond kéint enregistréiere loossen mam Zweck fir en sou séier wéi méiglech remzefannen wann en eng Kéier verluer geet.
- Mir bidden en Internetsite un mat allméiglechen Infoen zum Thema Hond.
- Mir bidden en Internetsite un wou dir kënnt är Meenung zum neien Muppegesetz soën.
Wien kann Member gin ? Jidderee ka Member gin, dee sech mat eise Prinzipien identifizéiert. Wéi kann ech Member gin ? Duerch Iwwerweisen vum Joresbeitrag (15 EUR) op den CCP IBAN LU56 1111 2522 0909 0000.
All Member ka säin Hond bei MMM enregistréiere loossen.
Am Joresbeitrag sinn abegraff: - d'Aschreiwen vum Hond an enger Datebank (all Hond kritt eng eegen Nummer zou gewisen); - eng Médaille fir un dem Hond säin Geschir oder Halsband ze hänken (op all Médaille ass och dem Hond seng Nummer drop, wouduerch et méi einfach ass seng Famill erëmzefanne wann den Hond fortgelaf ass); - 1 Autocollant vun "Mënschen mat Muppen".
All zousätzlechen Hond deen och soll enregistréiert ginn kascht 5 EUR. Wéi kann ech « membre donateur » gin ? Duerch Iwwerweisen vun engem Don op den CCP IBAN LU56 1111 2522 0909 0000. Dir weist doduerch dass Dir mat MMM sympathiséiert an si finanziell ënnerstëtze wëllt. Wann Dir Ären Hond (Är Honn) wëllt an d’Datebank aschreiwe loossen, da fëllt, nodeem Dir eis deen entspriechende Betrag iwwerwisen hutt, dës puer Zeilen aus a scheckt se un: Mënschen mat Muppen 8, Cité um Boeschen L-8387 Koerich
| Strooss, Nr: | Plz: | Uertschaft: | | Telefon: | | | Numm vum Hond: | | | Race/Genre: | Geschlecht: | | Fell a Faarw: | Aefaarw: | | Gebuertsjoër/Alter: | | | Chipnummer: | Tätowéiernummer: | Dir kënnt eis dës Donnée’en och per E-mail zoukomme loossen op folgend Adress:
Diese E-Mail Adresse ist gegen Spam Bots geschützt, Sie müssen Javascript aktivieren, damit Sie es sehen können
Ech autoriséieren MMM meng Donnée’en op hirer Datebank ze späicheren. Datum an Ënnerschrëft |