|
|
|
|
|
|
|
Wat maachen wann den Hond fortgelaf ass ? - Op der Plaatz wou den Hond fortgelaf ass eng Decken déi no him richt leien loossen, am beschten souguer den Auto (Mall op?) do stoe loossen,
- Foto(en) sichen an ee Flyer maachen (am beschten een wou een ennen kann Tel Nr erofrappen) (hei fannt dir ee Modell vun esou engem Flyer als Worddokument )
Wou soll de Flyer hin kommen?
- per mail un all d'Bekannten mat dem Hinweis datt si et sollen weider gin (och erausprinten a verdeelen) - bei d'Véidokteren - an d'Hondsschoulen - an Déirebutteker a Supermarchéen - bei Bushaisercher, Gemengen, Kirchen... - op de Parking, wou d'Leit fort gin fir trëppelen ze goen - an Reitställ
- Ziedelen maachen déi ee kann de Leit déi ee begéint an de Grapp drecken, och eventuell froen dass si d'GSM-nummer aspäicheren (well et héiert een oft wann en Hond fond gët "ah jo dës Lescht war mer ee begéint deen ee vermësst - ech hun awer keng Ahnung ween dat ass")
- Bei www.rtl.lu www.asile.lu www.tiernotruf.org www.srpa-liege.be mellen, a sämtlech Asiler uruffen, am beschten een mat enger Foto lanscht schecken.
Hei d'Nummeren vun deene verschiddenen Asiler an Déiereschutzorganisatiounen:
Asile National de Gasperich: 48 13 13 (www.deierenasyl.lu) Asile de Dudelange: 51 61 21 847 (www.asile.lu) SPA Rédange/Attert: 23 63 03 80 SPA Differdange: 621 197 081 Asile Rumelange: 56 50 73 Asile Esch/Alzette: 54 74 48 (www.sepa.lu) SPA Schifflange: 54 92 82, 54 64 51 Déiereschutz Norden: 95 75 36 Déierefrënn Lëtzebuerg: 92 31 37, 52 19 03 (www.deierefrenn.lu) SOS Animaux: 26 78 00 88 (www.sos-animaux.lu) Alpa: 48 83 95, 36 60 53 (www.alpa.lu) Privaten Déiereschutz: 34 85 01 Animal Hope: 691 500 903 oder 691 500 906 (www.animal-hope.org) Refuge de Thionville (F): 0033 3 82 50 31 45 Refuge Arry (Metz): 0033 3 87 52 08 99 (www.spa.arry.free.fr) Refuge Forbach:0033 3 8 87 29 30 (www.tiere-kennen-keine-grenzen.com) Annuaire des refuges de la Lorraine (www.apaa.asso.fr/annulorraine.htm)
Tierasyl Trier/Zewen (D): 0049 65 18 61 56 (www.tierheim-trier.de)
Refuge Arlon:(B): 0032 63 22 17 54 (www.srpa-liege.be)
Falls e Mupp fond gin ass deen eng Medaille vun MMM un huet: +352 661 77 67 93 (www.menschenmatmuppen.lu)
- Dem Fierschter an dem Juegtpächter Bescheed soen,
- Bei der Police uruffen.
- Eng Persoun muss dat Ganzt koordinéieren, an och stänneg per GSM ze erreechen sinn.
- Wann de Mupp schei ass muss dat ganz kloer gesot gin, an et soll een et dann och op de Flyer schreiwen fir dass d'Leit net sollen probéiren en ze fänken well dann dreiwt een en just weider. An deem Fall ass et besser Fudder dohinn ze stellen an de Propriétaire unzeruffen. Eventuell aus Distanz (!!!) beobachten.
- Wann den Hond an enger Datenbase (Tasso, idchips, MMM...) registréiert ass, kontrolléiren op do d'Donné'en nach stëmmen, et ass ee villäicht geplënnert oder d'Tel-nummer huet geännert.
(Merci un d'Cathy Laroche fir all dës nëtzlech Informatiounen)
|
|
|
|
|